Shop Green – Wäsch- a Botzmëttel

Em wat geet et?

Wäschen a Botzen hunn ëmmer en Afloss op d’Ëmwelt, an dat virun allem op d’Waasserleef. Dofir ass d’Entscheedung fir en ökologescht Wäsch-a Botzmëttel an dee richtege Gebrauch dovun (Doséierung,…) net nëmme wichteg fir d’Ëmwelt, mee och fir d’Gesondheet vum Konsument.

Produktgruppen

Wäschmëttel, Weichspüler

Botzmëttelen wéi Allzweckreiniger, Fënsterreiniger, Buedemreiniger, Wäschflëssegkeet, Teppecherreiniger, Entkalkungsmëttel, asw.

Hiweiser

Niewt dem Asaz vun ëmweltschounenden Produkter ass och déi korrekt Handhabung vun de Produkter souwéi déi richteg Botztechnik fir nohalteg an ökologesch Botzen onëmgänglech.

D’SDK bitt och och Weiderbildungen zu dësem Thema.

Eng Lëscht vun den Wäsch- a Spullmaschinne mat deem geréngste Stroum- an Energieverbrauch fannt Dir op der Internetsäit www.oekotopten.lu.

Critèren

Déi Critèrë bestëmmen ënner anerem, wéivill Tensiden an de Produkter dra sinn a wéi gutt déi an de Waasserleef ofgebaut ginn, ausserdeem och d’Konzentratioun vun aneren Inhaltsstoffer ( z.B. Léisungsmëttelen, Bleechmëttelen, Parfumen, Enzymer,…).

Aner Critère bezéien sech op d’Benotzung vu recycléiertem Material oder Material vu biologescher Hierkonft fir d’Verpakung.

Logo Shop Green

Niewt dem Asaz vun  ëmweltschounenden Produkter ass och déi korrekt Handhabung vun de Produkter souwéi déi richteg Botztechnik fir nohalteg an ökologesch Botzen onëmgänglech.

Méi Informatiounen