Behandlung vu Killapparaten

Ëmweltgerecht Behandlung vu Killapparaten an zwou Etappen

An deenen zwou Etappe bei der SEG Umwelt-Service GmbH gi sämtlech schiedlech Substanzen aus de Killapparaten erausgeholl an déi wäertvoll Matièrë ginn zréckbehalen.

1.Etapp : eng mobil Virbehandlung fir déi schiedlech Substanzen aus dem Killkreeslaf zréckzebehalen

D’Killmëttel gëtt mat Spezialgeschir ofgesaugt an ëmweltfrëndlech entsuergt. Déi mat schiedleche Substanze gefëllte Partien, wéi Quecksëlwerschalter oder Kondensatoren, ginn erausgeholl. Do dernieft ginn och nach Deeler wéi Glasplacken, Kompresseren a Kabelen ausgebaut.

démontage réfrigérateur

2. Etapp: Schlussbehandlung fir de FCKW aus dem Isoléierschaum erauszehuelen a fir sämtlech aner Wäertstoffer zréckzegewannen

D’Gehaiser ginn zerklengert an déi verschidde Matièrë – Metaller, Plastik, Isoléierschaum – gi getrennt.

Fir de FCKW aus de Pore vum Isoléierschaum erauszekréien, gëtt e reng gemuel an erhëtzt. De fräigesatene FCKW gëtt opgefaang an ëmweltfrëndlech entsuergt, dat Polver wat zréck bleift, mécht eng zweet Karrière als Mëttel fir ze bannen ënnert dem Numm OEKO-PUR.

De Polyurethanschaum aus Isoléierteppecher, Rouerisoléierungen asw., ass fréier mat FCKW opgeschaimt ginn, an och dëse FCKWs ka mat Hëllef vun där Anlag opgefaangen an zu OEKO-PUR verschafft ginn.

Dat Gemësch aus Ammoniak a Waasser aus den Absorbéierapparate kritt eng speziell chemesch-physikalesch Behandlung fir ze neutraliséieren.

D’Resultat : Verwäertbares gëtt verwäert, Schiedleches gëtt ëmweltgerecht entsuergt.

Rassemblement de réfrigérateurs