Shop Green – Hygienespabeier

Em wat geet et?

Dës ginn oft just eemol benotzt, landen no dem Gebrauch an der Toilette oder der Poubelle a ginn deemno dem Pabeierkreeslaf verluer.

Produktgruppen

Toilettëpabeier, Pabeiershanddicher, Nuesschnappecher, Kichendicher, Zerwéiten, Botzdicher, Kosmetikdicher an Ofdeckpabeier

Hiweiser

Benotzt Zerwéiten, Nappen an Nuesschnappecher aus Stoff, déi no dem Gebrauch kënne gewäsch ginn. Evitéiert bedrockten a faarweg Hygienespabeieren, déi just eemol benotzt kënne ginn. Dëst hëlleft, Ressourcen ze spueren. Benotzt Spender fir Toilettëpabeier a Pabeiershanddicher op ëffentlechen Toiletten oder am Betrib. Esou kann de Verbrauch vun Hygienespabeiere reduzéiert ginn. Mat Trockner, fir d’Hänn ze dréchnen, a wäschbaren Handdicher aus Stoff kënne Pabeiershanddicher komplett ofgeschaaft ginn – si brauchen awer Stroum an e reegelméissegen Entretien.

Krittäre

D’Shop Green-Hygienespabeiere ginn zu 100 % aus recycléiertem Pabeier hiergestallt a schounen esou d’natierlech Ressourcen. Hygienespabeieren aus Frëschfaseren (d. h. aus Zellstoff vu Beem), op där anerer Säit, kommen oft aus Urwaldrodungen oder risege Plantagen (Monokulture mat héijem Pestizidasaz).

Fiicht Wëschdicher ginn net an der Campagne behandelt. Dës ginn oft just eemol benotzt, landen no dem Gebrauch an der Toilette oder der Poubelle a ginn deemno dem Pabeierkreeslaf verluer.

Logo Shop Green

Méi Informatiounen