Shop Green – Rinse-off Produiten

Em wat geet et ?

Rinse-off-Produiten si Kierperfleegemëttel, déi fir d’Wäsche vun der Haut an den Hoer benotzt ginn, mä erëm mat Waasser ausgewäsch bzw. ausgespullt musse ginn, an dofir net op der Haut oder den Hoer bleiwen.

Produktgruppen

Bued- an Duschzousätz (Salz, Schaum, Ueleg, Gel, asw.)
Fest a flësseg Seefen, Shampoingen ; Après-Shampoinge fir erëm auszespullen

Raséierproduiten (Raséierschaum, Raséiercrème, Raséiergel a Raséierseef)

Hiweiser

Aus ekologescher Siicht, kënnen d’Kierperfleegemëttel e groussen Deel vu potentiell problemateschen Oofwässerbestanddeeler verursaachen an iwwer Ëmweeër an d’Drénkwaasser geroden. Bei Produiten ewéi Kierperfleegemëttel, déi all Dag benotzt ginn, ass et also wichteg, datt d’Inhaltsstoffer séier ofbaubar sinn, a sech net an der Ëmwelt usammele kënnen.

Krittäre

Eng schnell Oofbaubarkeet vun den Tensiden; d’Benotze vu Faarfstoffer, déi den Ufuerderunge vun der Liewensmëttelindustrie entspriechen; d’ausschliisslecht Benotze vu Konservéierungsstoffer, déi fir Kosmetikproduiten zougelooss sinn; ekologesch virdeelhaft (z.B. recycléierbar) Verpackungen.

Logo Shop Green

Méi Informatiounen