D’SDK an Entreprisen an Institutiounen

Offallgestiounsplang: Ekologesch Gestioun vum Offall am Betrib

Am Sënn vum nationalen Offallgestiounsplang a vum nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung si mir alleguer gefuerdert, eis fir eng ëmweltgerecht, Energie- a ressourcëschounend Offallgestioun anzesetzen. Dat ass och d’Zil vun der SuperDrecksKëscht® fir Betriber, déi zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, mat der Chambre des Métiers a mat der Chambre de Commerce an d’Liewe geruff gouf, an déi all Betriber bei hirer ëmweltgerechter Ariichtung ënnerstëtzt.

Den Ëmgank mam Offall stellt haut grouss Ufuerderungen un den Offallproduzent – dat heescht, den Offall richteg sammelen, zortéieren a lageren, sichen no gëeegente Weeër fir en ze recycléieren an z’entsuergen, Präventiounsméiglechkeeten notzen, esou wéi sech un déi gesetzlech Offallvirschrëften halen, virun allem un d’Gesetz vum 21 Mäerz 2012. D’Beroder vun der SDK fir Betriber ënnerstëtzen d’Betriber bei der Realiséierung vun engem Offall- a Präventiounskonzept, an hëllefen hinnen esou Ekologie an Ekonomie ze verbannen.

Eis komplett Offer fir eng ekologesch Offallgestioun am Betrib:

  • Informatiounen a Berodung bei alle Froen iwwer den Offall a seng Präventioun
  • Analyse vun der interner Offallgestioun am Betrib
  • Individuell Betribskonzepter fir eng selektiv Sammlung an eng sécher an ëmweltgerecht Lagerung vun all Zorten Offall am Betrib
  • Offallbilane maachen
  • Schoulung a Motivatioun vun de Mataarbechter fir e richtegen Ëmgank mat geféierleche Substanzen a mam Offall
  • Den Offall ökologesch an transparent recycléieren
  • Déi Betriber, déi matmaachen, ervirsträichen a mam Qualitéitslabel fir eng ëmweltgerecht Offallgestioun auszeechnen(Qualitéitslabel SDK fir Betriber no ISO 14024)