RAL-Qualitéitszeechen

Garantéiert Qualitéit duerch d’RAL-Qualitéitszeechen

Fir op Nummer sécher ze goen, datt kee FCKW méi am zermuele Polyurethanschaum ass, gëtt mat Hëllef vun enger speziell entwéckelter Miesstechnik d’FCKW-Konzentratioun permanent kontrolléiert.

D’SDK ass Member vun der Qualitéitskommissioun RAL ‚Recyclage vun de FCKW haltege Killapparaten’.

RAL-Sigel si Qualitéitszeechen, déi charakteristesch Kennzeeche vun engem Produit oder engem Service neutral iwwerwaachen. Europawäit stinn se fir spezifesch Critèren, Konsumenteschutz an objektiv recycléierbar Qualitéit. Dëse Label baséiert op engem Katalog vun 20 Säiten, an deem Ëmwelt-Mindeststandarden definéiert sinn an déi onbedéngt beim Entsuerge vu Killapparaten anzehale sinn. Iewescht Zil vun dëser Verwäertung, déi dem RAL Qualitéislabel entsprécht, ass déi komplett Erfaassung an uschléissend eng ëmweltfrëndlech Entsuergung vum allen FCKWën, vu Quecksëlwerschalteren a Kondensatoren, sou wéi och déi komplett Verwäertung vun alle Matièren.

vérification de la qualité dans le laboratoire SDK

Dat permanent Anhale vun dëse Qualitéitscritèrë gëtt vun engem onofhängegen Institut gepréift. Et gëtt all Joer eng grouss an neutral Prüfung duerchgefouert.

D’SDK ass säit dem Aféieren vum RAL Qualitéitslabel 1999 Member vun dëser Kommissioun fir d’Killapparat-Entsuerger an ass ee vun deenen éischten, déi ausgezeechent goufen.

RAL-Qualitéitszeechen déngt schlussendlech de Clienten, déi sech mat Hëllef vun engem objektiven a zouverléissegem Label fir Qualitéit decidéiere kënnen.

Weider Informatiounen kritt Dir direkt bei der RAL-Qualitéits-Kommissioun ‚Recyclage vun den FCKW haltege Killapparaten’.

Telefon: 00352 488 361 – 41.

 

logo RAL