Protektioun vun der Ozonschicht

FCKW, Halonen, an aner verwandte Substanze schiedegen déi an der Troposphär enthalen Ozonschicht, déi eis Äerd virun den aggressiven UV-Strale schützt. Eng Konsequenz dovun ass, datt déi kuerzwelleg UV-Stralen nach méi eng grouss Gefor fir Mënsch, Déier a Flora ginn.

Mascotte SDK avec globe

Nodeem den Ofbau vun der Ozonschicht ufangs de 70er Joren entdeckt gouf, sinn ënnert der Schiermherrschaft vum Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen zwee international Verträg fir de Schutz vun der Ozonschicht ausgehandelt ginn. Dat ass éischtens, de Wiener Accord zum Schutz vun der Ozonschicht (1985) an zweetens, de Montrealer Protokoll iwwer Matièren déi d’Ozonschicht ofbauen. (1987). Duerch dës Verträg konnten an enger éischter Phase d’Produktioun an de Verbrauch vun de Matièren, déi d’Ozon ofbauen, ëm méi wéi 80 % erofgesat ginn.

Trotz deenen Erfolleger ass d’Ozonlach nach ëmmer terribel grouss. Fir den Drock ze verschäerfe fir endlech vun deene schiedleche Substanzen erofzekommen a virun allem d’Asetze vun Ersatzsubstanze virun ze dreiwen, huet d’Europäesch Unioun de 16.09.2009 en neit Gesetz (EU 1005/2009) a Kraaft gesat, wat fir all d’Industrielänner e Beispill ka sinn.

Dat Gesetz ëmfaasst Interdictiounen a Limitatioune fir Produktioun, Import, Export a Gebrauch vu Matièren, déi den Ofbau vun der Ozonschicht mat sech bréngen. Lëtzebuerg ass mat un der éischter Plaz fir dat Gesetz anzehalen.

Bei der SDK fannt Dir Informatiounen a praktesch Rotschléi, wéi Dir als Privat- oder responsabel Persoun am Betrib eppes fir de Schutz vun der Ozonschicht maache kënnt.

paysage