Sécherheetsmanagement – Sécherheet op der Aarbecht a fir d’Ëmwelt
En intelligent Sécherheetskonzept suergt derfir, datt keng Gefor fir Mënsch oder Ëmwelt besteet. Am Hierscht 2003 gouf de SuperDrecksKëscht®-Zenter moderniséiert a sécherheetstechnesch op den allerneiste Stand bruecht.
D’Sécherheet vu Mënsch an Ëmwelt gëtt duerch verschidde Moossname garantéiert: d’Filtratioun vun der Loft duerch Aktivkuelefilteren, Miessunge vun der Loft am Raum a vun der verbrauchter Loft, reegelméisseg Schoulung vun de Mataarbechter, adequat Schutzkleeder, Protektiounsgezei, Brëller, Sécherheetshändschen.

D’Zortéiere vu Chemikalien, Laugen, Saieren, Léisungsmëttelen a Pestiziden gëtt nëmmen a speziellen Aarbechstraim mat kontrolléierter Atmosphär duerchgefouert.
D’Regaler am Depot vun de Geforematièren hunn héchst Sécherheetsstandarden ( Regaler mat Opfänkbasengen a Sensore fir d’Fuiten ze detektéieren), an deenen d’Matièren no dem Geforepotenzial an de chemesche Charaketistike gelagert sinn. Eng Fuite oder d’Bildung vu brennbarem Dampgemësch gëtt direkt ugewisen datt a kierzester Zäit reagéiert ka ginn.
Automatesch Branddetektiounsanlagen an e sophistiquéiert System vu Läschwaasserretentioun suergen derfir, datt och am Noutfall d’Gefore fir Ëmwelt a Grondwaasser esou kleng wéi méiglech bleiwen.
D’SuperDrecksKëscht®-Zenter gëtt 24 Stonnen am Dag mat techneschen Hëllefsmëttelen, wéi Bewegungsmelder a Kameraen, an och duerch reegelméisseg Kontrollgäng iwwerwaacht. Et besteet eng enk Zesummenaarbecht mat dem Ëmweltministère, der Inspektion du Travail an de lokale Pompjeeën.
