Shop Green – Beliichtung (Luuchten)

Em wat geet et?

D’Luucht ass déi ganz Konstruktioun ronderëm d’Liichtquell. Dës besteet aus méi Komponente wéi Halterung, Fassung, Reflekter, Schierm oder Glasofdeckung. An der Luucht befënnt sech déi eigentlech Liichtquell, déi als Liichtmëttel bezeechent gëtt.

Produktgruppen

LED-Luuchten

Luuchte mat austauschbaren LED-Liichtmëttelen

Hiweiser

Niewent Energieeffizienz a Stroumspuere spillt och d’Stroumquell eng entscheedent Roll beim Thema “elektresch Energie”: Setzt dofir op Stroum aus erneierbaren Energiequellen. D’Critèrë berécksiichtegen och d’Fuerderung fir d’Liichtegkeet vun der Reparatur vu Produkter an d’Vermeidung vun Offall als wichteg Komponent vum nohaltege Konsum.

Krittäre (Beispiller)

Liichtmëttelen/Luuchte ginn op follgend Krittäre gepréift: Energieverbrauch (W), Hellegkeet/Lumenofgab (lm), Rendement vum Liicht (lm/W), Liewensdauer (h), Schaltfestegkeet (Un-/Ausschaltungen), Komponenten, Verpakung, Informatioune fir de Konsument, Energieeffizienz.

Bewäert gi bei Luuchten: Reparaturfrëndlechkeet / Laangliewegkeet vun der Luucht (einfacht Auswiessele vun defekten LED-Liichtmëttele mat gängege Sockelen), Informatiounen op der Verpakung, Verpakung wa méiglech aus Recycling-Materialien

Weider Informatioune fann där op: http://www.oekotopten.lu.

Logo Shop Green

LED-Luuchte mat austauschbare Liichtmëttelen

D’Luucht ass déi ganz Konstruktioun ronderëm d’Liichtquell. Dës besteet aus méi Komponente wéi Halterung, Fassung, Reflekter, Schierm oder Glasofdeckung. An der Luucht befënnt sech déi eigentlech Liichtquell, déi als Liichtmëttel bezeechent gëtt. (Quell: www.ledtipps.net).

Liichtmëttel (Luucht) ass e Géigestand, mat deem (besonnesch elektrescht) Liicht produzéiert ka ginn (z.B. Gléibir, Neonstüb, Liichtdiod). (Quell: www.duden.de).

Am Kader vun der “Circular Economy” an am Bewosstsinn, datt d’Reparaturfrëndlechkeet vu Produkter an d’Offallvermeidung wichteg Bestanddeeler vun engem nohaltege Konsum sinn, sinn d’Krittäre fir Luuchte weiderentwéckelt ginn.

 

graphique de spots LED

Follgend Punkte gi mat den aktuelle Krittären ofgedeckt:

  • Energieeffizienz
  • Reparaturfrëndlechkeet / Laangliewegkeet vun der Luucht (einfacht Auswiessele vun defekten LED-Liichtmëttele mat gängege Sockelen)
  • Informatiounen op der Verpakung
  • Verpakung (wa méiglech) aus Recycling-Materialien

Méi Informatiounen