SDK am Haushalt

Berodung, Asammlung an ëmweltgerecht Entsuergung – d’Grondsaile vun der SuperDrecksKëscht fir Bierger.

Keng Probleemer méi mat de Problemprodukter

D’SuperDrecksKëscht® fir Bierger sammelt a ganz Lëtzebuerg schuedstoffhaltech Offäll aus Privatstéit– gratis a biergerfrëndlech. Domat kréien all Awunner a Lëtzebuerg d’Méiglechkeet, ëmweltbelaaschtend a geféierlech Offäll vum Hausoffall ze trennen a separat ofzeginn.

Verschidde Sammelsystemer gi jidderengem d’Méiglechkeet, seng Problemoffäll ëmweltgerecht ze entsuergen. Di agesammelt Stoffer gi schonn an der Sammelstell virsortéiert a sécher verpaakt. Am Logistikzenter vun der SDK geschitt dann dat endgültegt Sortéieren a Verpake fir den Transport zu den Offallempfänger. Fir d’Auswiel vun der Endbehandlung gëllt: D’Verwäertung huet absolut Virrang, nëmme wann dës net méiglech ass erfollegt eng ëmweltgerecht Entsuergung a gëeegente Anlagen, z.Bsp. Héichtemperaturbehandlung. Ëmmerhi 70 % vun den agesammelte Stoffer kënne ganz oder op d’Mannst deelweis verwäert ginn.

Ganz wichteg sinn eis Informatioun a Berodung, virun allem am Bezuch vun ëmweltgerechtem Verhalen an Offallvermeidung. Mat verschiddenen Aktivitéite fir jonk an al, Ausstellungen a facettëräichem Informatiounsmaterial géinge mir gären zu ëmweltgerechtem Verhale motivéiere – natierlech ëmmer (interessant) ënnerhalend a mat prakteschen Tipps.

Photo du Service Center (Camionnette) de la SuperDrecksKëscht/SDK