Philosophie an Ëmweltpolitik

D’SuperDrecksKëscht® ass eng Mark, déi am Kader vun den offallwirtschaftlechen Aufgabe vum Lëtzebuerger Stat entwéckelt gouf. Hir Ausriichtung erfollegt no där hierarchesch geglidderter Strategie, déi d’EU virgëtt : Offallvermeidung virun der Opbereedung fir d’Weiderverwendung, virum Recycling, virun anerer Verwäertung ( z.B. energetesch Verwäertung ), virun der Eliminéierung vum Offall. Et ass d’Aufgab vun der SuperDrecksKëscht®, deen neiste Stand vun den Informatiounen ze notzen an ëmzesetzen, fir doduerch eng nohalteg Materialwirtschaft am ökologeschen an am ekonomesche Sënn mat héijem Qualitéitsusproch ze verwierklechen. D’Ausféierung vun där Aufgab mécht et da méiglech, eng Virbildfunktioun auszeüben, do wou eis Gesellschaft ökologesch ëmgeformt soll ginn. Dës Virbildfunktioun ass dofir do, mam Zil vun der Ëmweltentlaaschtung an der Ressourceneffizienz allen Acteuren an der Wirtschaft Impulser ze ginn.

Unerkannt sinn d’Aktivitéite vun der SuperDrecksKëscht® an der Tëschenzäit och vun der EU-Kommissioun, déi se mam Label ‘best practice’ am Beräich vum Erhale vun eise Ressourcen a vum Klimaschutz ausgezeechent huet.

Den Ëmweltkodex vun der SDK.