Zréck

SDK Formatioun

Artikel publizéiert den 8 February 2021

Als unerkannt Weiderbildungsinstitut ass d’Formatioun vu berufflechen Akteuren eng zentral Aufgab vun der SDK Akademie.

Mir bidden zilgruppenorientéiert Formatiounen un, déi u verschidden Beruffssecteuren ugepasst sinn. Hei fannt Dir Informatiounen zu eise Formatiounen an zu der Umeldung.

Eis Formatiounen no Fachberäich:

Nohaltegt Botzen

Am Beräich vum nohaltege Botzen läit de Schwéierpunkt op grondleeënde Botztechniken an ëmweltfrëndleche Botzmëttelen, fir eng nohalteg a qualitativ héichwäerteg Aarbecht z’ënnerstëtzen. Besonnesche Wäert gëtt op de richtegen Ëmgang mat Botzmëttelen an op d’Applikatioun vun de richtege Schafftechniken geluecht. Et handelt sech hei ëm d’Fondatioune vun engem nohaltegen a sécheren Agéieren am Botzsecteur.

produits de nettoyage

Nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen

Déi rationell Notzung vun eisen natierleche Ressourcë steet am Mëttelpunkt vun der Aktioun SuperDrecksKëscht®. Dowéint bitt d‘SDK Akademie Formatiounen zu Theeme wéi nohaltegt Ressourcëmanagement, Offallvermeidung, Ëmweltschutz a Circular Economy un. Eis Formatioune sinn esouwuel konzeptuell ewéi och praktesch ausgeluecht a riichte sech un e breede Public.

ampoule et petit arbre poussant sur la main . concept d'énergie solaire avec plantation

Sécheren a richtegen Ëmgang mat geféierleche Stoffer

Am Kader vun der Aktioun SuperDrecksKëscht® gëtt säit iwwer 30 Joer Know-How am Ëmgang mat geféierlechen a problemateschen Offallprodukter entwéckelt a gesammelt. An dësem Sënn bitt d‘SDK Akademie eng Rei vu Formatiounen un, déi sech mat der sécherer Lagerung an Entsuergung vun dëse Stoffer no dem SDK-Konzept befaassen an aktuell Kenntnësser weiderginn.

Flacons multicolores chimiques avec symboles de danger

Eis Partner am Beräich vun der berufflecher Weiderbildung:

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom