Em wat geet et?
D’Benotzung vun ëmweltfrëndlecht Bürosmaterial geet net nëmmen ëm d’Ëmwelt an d’Gesondheet direkt ze schützen. En anere wichtegen Aspekt ass d’Benotzung vu sekundäre Rohmaterial aus Recyclingsquellen an d’Benotzung vun nohalteg produzéierte Rohmaterialien (nohalteg produzéiert Holz fir Pabeier an Holzprodukter).
Produktgruppen
Material fir ze schreiwen an ze drécken, wéi Hefter, Schreifbleck, Enveloppen
Material fir Archivéieren, wéi Uerdner, Farden
Material fir ze schreiwen an ze zeechnen, wéi Moolfaarwen a Bläistëfter, Bicker
Aner Produkter, wéi Pech, Lineal, asw.
Krittäre
Am Allgemenge gëtt Reklamm gemaach fir Produiten aus recycléierte Materialien (z.B. Pabeier, Hefter, Linealer, Bicken, Füllfiederen an aner Schreiwsaachen, déi erëm kënnen opgefëllt ginn,…) a Produiten, deenen hir Matière-premieren aus enger nohalteger Gestioun kommen. Critèrë kënnen och opfëlle sinn an – am Fall vun elektroneschen Apparater – d’Energieversuergung mat Photovoltaikzellen.
Produkter aus biodegradabele Plastik a Produkter mat gesondheetlech schiedlechen Inhalter a bedenkleche Quantitéite sinn ausgeschloss.