D’ECOBOX ass e weiderverwendbare Kautiounssystem zu Lëtzebuerg fir Take-Away Iessen. Ob an engem Restaurant, a Kantinnen oder beim Take-Away, d’ECOBOX ka bal iwwerall genotzt ginn.
Andeems Dir d’ECOBOX e puer Mol benotzt, kënnen eng Onmass Einwegverpackunge gespuert ginn. Dëst féiert zu enger Reduktioun vum Offallvolumen, well net nëmme manner Verpackungen ewechgehäit ginn, mee gläichzäiteg och manner Liewensmëttel ewechgehäit ginn.
D’ECOBOX gëtt an 2 Gréissten ugebueden (500 ml an 1000 ml).