Aktivitéite fir de Secondaire

Am Secondaire fänken d’SchülerInnen un, ëmmer méi onofhängeg ze ginn an doduerch diversifizéiert sech och hire Konsum. Vum Kleederkonsum a Verpakunge bis Smartphonen – si fänken un, Ressourcë méi selbststänneg ze verbrauchen.
Duerch d’Aktivitéite vun der SDK Akademie léieren d’SchülerInnen, wat fir eng Responsabilitéit si opgrond vun hirem Konsum hunn a wéi si ganz einfach a praktesch hire Liewensstil méi nohalteg gestalte kënnen.
Duerch déi interaktiv Approche vun den Aktivitéiten, entwéckelen d’SchülerInnen eng kritesch Haltung vis-à-vis vun engem nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen.

Interesséiert?

Da reservéiert d’Sensibiliséierungsaktivitéite per E-Mail (akademie@sdk.lu) oder per Telefon (488 216 400). Dir géift dës Thematike gär selwer opgräifen a sicht nëtzlech Ënnerlagen?

Hei fannt Dir Instruktiounen a Material zu Aktivitéiten, déi Dir ganz einfach eroflueden a flexibel an Äre Cours abaue kënnt.

Hei fannt Dir eis Offere fir de Secondaire: