Réckproduktioun vu Killapparater

ecotrel

D’SuperDrecksKëscht® ass Partner vun Ecotrel asbl, déi als Vertrieder vun den Hiersteller/d’Importateuren an d’Händler fiert Ëmsetzung vun deenen gesetzlechen virgeschriwwen Verflichtungen verantwortlech ass. Zesummen suergen déi zwee Partner och dofir Bierger iwwert ëmweltfrëndlech an energiespuerend Apparater an Techniken ze informéieren, souwéi iwwert Sammlung an ëmweltgerecht Verwäertung vun dëse Produkter. Et gëtt och direkt Zesummenaarbecht tëscht der SDK an den Händler.

Firwat mussen d’Killapparate speziell behandelt ginn ?

An ale Frigoe si verschidde schiedlech Substanzen:

  • als Killmëttel, ozonschiedlechen FCKW
  • am Isoléierschaum, och FCKW, an zwar a grousse Quantitéiten
  • an deene Frigoen ouni FCKW ass ätzenden Ammoniak oder klimaschiedleche Pentan

Ausserdem bestinn déi Killapparaten aus wäertvoller Matière première, wéi Metaller a Plastik, déi erëm verwäert kënne ginn.

D’Frigoe ginn op de Sammelplazen ugeholl an no strenge Critèrë vun der RAL-Gütegemeinschaft sécher gelagert. Sou gëtt en nodréiglecht Beschiedege vum Killsystem an en Auslafe vum Killmëttel beim Depôt a beim Transport verhënnert. D’Apparater kommen dann an de Logistikzenter op Colmar-Bierg.

Duerch déi zwou Etappe bei der SEG Umwelt-Service GmbH  gi zu Mettlach sämtlech schiedlech Substanzen erausgeholl an déi wäertvoll Stoffer zréckbehalen.