Visitt-Secondaire

Dir sidd Proff am Secondaire a wëllt mat Ärer Klass follgend Froe beäntweren: „Wat mécht d’SuperDrecksKëscht®? Wat geschitt mat geféierlechen Offäll? Firwat ginn d’Offäll iwwerhaapt agesammelt?“
Da besicht de Logistikzenter vun der SuperDrecksKëscht® zu Colmer-Bierg!
Mellt Iech per E-Mail oder Telefon un a fannt mat Ärer Klass eraus, wat d’Haaptmissioune vun der SDK sinn a wéi jiddereen hëllefe kann, d’Schätz vun der Natur ze schützen!