Circular Lab

Taucht mat äre Schüler an d’Welt vun de Ressourcekreesleef an der Kreeslafwirtschaft an, mat eisem Circular Lab. Mat interaktive Experimenter an spannende Aktivitéite féiere mir d’Schüler op spilleresch Aart a Weis un d’Theme ronderëm d’Kreeslafwirtschaft erun.

Eis Highlights :
1. Interaktiv Experimenter : Loosst är Schüler d’Prinzippien vun der Kreeslafwirtschaft duerch praktesch Experimenter erliewen.
2. Digital Entdeckungsreesen : Mat innovativen digitalen Tools entdecke mir zesumme d’Zesummenhäng tëscht Konsum, Offall an nohaltegem Ressourcenmanagement.
3. Pädagogescht Material : Enseignanten kréien am Viraus ëmfangräicht pädagogescht Material, fir hir Schüler optimal op d’Aktivitéiten virzebereeden an dat Geléiert ze verdéiwen.
4. Flexibilitéit : De Circular Lab kënnt op Ufro bei Iech an d’Schoul!

Sidd Dir bereet fir d’Entdeckungsrees mam Circular Lab?
Kontaktéiert eis haut nach op akademie@sdk.lu oder um Telefon 488 216 400.