
Weiderbildung
Am Kontext vum Ëmwelt- a Klimaschutz, grad ewéi der Circular Economy, kréien d‘Participanten déi néideg Kompetenzen, fir mat hirer Aarbecht am Ressourcen-Center e wichtege Bäitrag fir den nationalen Offall- a Ressourcëmanagement ze leeschten. D‘Grondausbildung ëmfaasst 100 Stonnen tëschent Januar a Juli, a follgend Theemen:
– National Offallwirtschaft,*
– Rechter a Flichte fir Ressourcen-Centren,*
– Allgemeng Sécherheet op der Aarbechtsplaz a sécheren Ëmgang mat geféierleche Produiten*
– a Kommunikatioun.
Zum Schluss kréien d’Participanten – wann se déi schrëftlech Prüfung an deenen 3 Haaptberäicher* gepackt hunn – en national unerkannt Zertifikat.
Weider Informatiounen zum Inhalt an zu den Umellungsformalitéiten fannt Dir op der Internetsäit vun der Organisatioun, déi dat am Numm vun der Ëmweltverwaltung organiséiert: CNFPC Ettelbruck
Fir d’Sécherheet op der Aarbecht, beim Transport a vun der Qualitéit ass et immens wichteg, datt nëmme forméiert MataarbechterInnen op de Sammelplaze vun der SuperDrecksKëscht ® geféierlech a problematesch Produite manipuléieren. Besonnesch MataarbechterInnen, déi wéineg oder keng Erfarung am Ëmgang mat dësen Offallfraktiounen hunn, hu mat dëser Grondformatioun fir d’Erkennung an d’Kategoriséierung vu Produiten d’Méiglechkeet, éischt Grondkenntnesser ze kréien, resp. Virkenntnesser an de follgende Beräicher opzefrëschen:
– Allgemeng Sécherheet op der Aarbechtsplaz,
– Aarbechtsdokumenter fir d‘Sammelplaze vun der SDK fir Bierger,
– Produkterkennung an -kategoriséierung mat praktesche Sortéierübungen.
Dës Grondformatioun gëtt eemol pro Hallefjoer ugebueden an dauert ëmmer 2 Deeg. D’Participantë kréien zum Schluss eng Attestatioun, datt se un der Formatioun deelgeholl hunn.
D’Klassifizéierung von Offäll no hirer Geféierlechkeet ass en zentraalt Element vun der Offallwirtschaft. Si huet ënnert anerem Auswierkungen op den Transport, de Suivi an d’Behandlung vun den Offäll. Am Kader vun der SDK fir Bierger-Sammlung ass et besonnesch wichteg, datt d’MataarbechterInne vun den SDK Sammelplazen an de Ressourcen-Centren geféierlech a problematesch Produite sécher erkennen, sécher klassifizéieren a fir den Transport sécher verpake kënnen. Dozou ginn ëmmer am leschte Quartal vum Joer Update-Formatiounen iwwer de sécheren Ëmgang mat geféierleche Produite organiséiert – esou datt déi aktuell Sécherheetsreglementer, z. Bsp. d’ADR-Recht*, respektéiert ginn.
Et ginn all Joer 11 optional Update-Formatioune vun allkéiers 3 Stonnen ugebueden:
– 8 Formatioune fir RC-Personal ouni spezifesch Ausbildung
– 3 Formatioune fir RC-Personal mat spezifescher Ausbildung
D’Datumer vun de Formatioune ginn de Ressourcen-Centren alljoers am Juli, virun der grousser Vakanz, kommunizéiert.
*Transport vu geféierleche Wueren op de Stroossen.
Den Ëmgang mat geféierleche Produiten an der Offall- a Ressourcëwirtschaft ass e komplexe Virgang, bei deem zum Deel cheemesch a spezifesch Kenntnesser vun de Prozesser néideg sinn. Dowéinst ginn d‘SDK-Sammelplazen an de Ressourcen-Centren vun der SuperDrecksKëscht® Berodung fachmännesch ënnerstëtzt. Als Zousazoffer bidde mir éiergäizege RC-MataarbechterInnen eng spezifesch Ausbildung un, déi d’Participanten dozou befäegt, hir KolleegInne bei méi komplexe Froen zu der Sammlung, der Klassifizéierung an der Verpakung vu geféierleche Produiten am Kader vun der SDK-Sammlung weiderhëllefen ze kënnen.
Dës Spezialausbildung fënnt alljoers vu September bis November statt an ëmfaasst 3 Moduller mat insgesamt 42 Stonnen:
– Aféierung an d‘Offallwirtschaft, d’Sécherheet op der Aarbechtsplaz an d‘ADR-Recht
– Chimie, Produiten a geféierlech Reaktiounen
– – Geféierlech Produiten a Ressourcen am Kontext vun der SDK an de Ressourcen-Centren.
D’Aluedung zu dëser SDK-Spezialausbildung gëtt matzäit per E-Mail un all d’Ressourcen-Centre verschéckt. All d‘Participantë kréien een SDK-Formatiounszertifikat, wann se déi schrëftlech Prüfung an allen 3 Moduller gepackt hunn.