Wéi eng Produkter recommandéiere mir ?
Déi ugebuede Produkter ginn no dësen allgemenge Richtlinnen ausgewielt:
- Verpackunge sinn ëmweltfrëndlech a vun hirem Material hier nees verwäertbar (Plastiker oder Metaller, déi markéiert sinn)
- Produkter enthale keng oder wéineg Schuedstoffer
- d’Produkt ass nohalteg, dat heescht et huet eng laang Liewensdauer an e geréngen Energieverbrauch beim Benotzen (Energieverbrauch ass esou, wéi et op der Packung steet)
- d’Produkt ass nom Gebrauch nach materiell verwäertbar, kann op d’mannst nach energeetesch genotzt ginn
Bis elo ginn ugebueden:
- Wäsch- a Botzmëttel
- Rinse-off Produiten
- Hygienespabeier
- Schoul- a Bürosmaterial
- Opluedbar Batterien an Opluedapparater
- Beliichtung (Luuchten)
- Faarwen, Lacker a Lasuren