Weiderbildung a Coaching fir d’Léierpersonal

Nohaltegkeet, Klimawandel a Ressourcëschounung sinn hautdesdaags onëmgänglech Theemen. Mee wat hunn dës Theemen mateneen ze dinn a wéi kann een se effektiv an de Cours an an de Schoulalldag integréieren?

Fir eng Äntwert op dës Fro ze kréien, bitt d’SDK Akademie, zesumme mam IFEN, Weiderbildungen a Coachingen un. Hei sollen dem Léierpersonal Informatiounen zum Theema vermëttelt ginn an de praktesche Ressourcëschutz am Schoulalldag beschwat ginn.

Entdeckt d’Weiderbildungen a d’Coachingen:

Ressourcëschounung a geliefte Klimaschutz an der Schoul zesumme mam Label vun der SuperDrecksKëscht
• Ressourcëschounung a geliefte Klimaschutz an der Schoul zesumme mam Label vun der SuperDrecksKëscht als schoulintern Weiderbildung
• Vun der Offallwirtschaft zur Circular Economy
• Nohaltegkeet, Ressourcen & Co – wat stiecht dohannert?

Eis Formateure benotzen innovativ Methoden, fir Wëssen op pedagogesch, spilleresch a praktesch Aart a Weis ze vermëttelen.
Bei Froe sti mir Iech natierlech gär zur Verfügung.

Dir kënnt eis iwwer d’E-Mail-Adresse akademie@sdk.lu an ënnert der Telefonsnummer 488 216 400 erreechen.