Datenschutzerklärung

De Schutz vun de perséinlechen Donnéeë vun onse Clienten a Partner ass e wichtege Punkt vun onser deeglecher Aarbecht. Mir géingen iech dofir gären op dëser Plaatz iwwer ons Dateschutzprinzipien informéieren. D’Grondlagen dozou bidden d’Bestëmmunge vun der EU-Datenschutz-Grundverordnung vum 25. Mai 2018 an aner dateschutzrechtlech Bestëmmungen.

Betribsintern ass den Dateschutz och e grousst Uleie vun eis. Eis Mataarbechter si vun eis zur Geheimhaltung, zur Diskretioun an zum Anhale vun den dateschutzrechtleche Bestëmmungen explizit verflicht ginn.

Persounespezifesch Donnéeën

Persounenspezifesch Donnéeën sinn nom modifizeiertem EU-Datenschutz-Grundverordnung vum 25. Mai 2018 Eenzelangaben iwwert di perséinlech oder sachlech Verhältnesser vun enger bestëmmter oder enger bestëmmbarer natierlecher Persoun. Dozou zielen besonnesch Angaben ewéi Numm, Adress, E-Mail-Adress oder Telefonsnummer.

Betribs-/Organisatiounsspezifesch

Donnéeën Des gi vun der SuperDrecksKëscht® am Kader vun hiren duerch Staatskontrakter geregelt Aufgabe gesammelt. Et handelt sech besonnesch ëm Donnéeën am Kader vun der Offallwirtschaft vu Betriber, Ariichtungen, Verwaltungen, asw. Dorënner falen Offallquantitéiten, Donnéeën déi d’Sammelinfrastruktur betreffen, Donnéeën zur Offallofwecklung asw.

Fir hier Aufgaben an Dingschtleeschtunge kennen ze erbréngen, brauch SuperDrecksKëscht® souwuel persounenspezifesch ewéi och betribs-/organisatiounsspezifesch Donnéeën, déi gesammelt a gespäichert ginn. D’SuperDrecksKëscht®  verflicht sech d’Donnée vun all Client a Geschäftspartner nëmmen esouwäit ze notzen ewéi et zur Erfëllung vun hiren Aufgaben an dem Erbrénge vun Dingschtleeschtungen noutwendeg ass. Dëst gëllt och beim Zouschécke vun Informatiounsmaterial (enner ahnerem och fir Newsletter), dem Opstelle vun Offeren an dem Beäntwere vun individuelle Froen.

Iwwermëttlung un Drëtter

Weidergi vun Donnéeën un Drëtter erfollegt grondsätzlech net, esoulang et net fir d’Erfëlle vun hiren Aufgaben an dem Erbrénge vun Dingschtleeschtungen noutwendeg ass. Administratiounen oder aner staatlech Institutioune kréien nëmme Renseignementer am Kader vun der gesetzlecher Informatiounsflicht oder opgrond vu geriichtlechen Entscheedungen.

Op Unuerdnung vun den zoustännege Stellen däerfe mir am Eenzelfall Renseignementer iwwert des Donnéeë ginn, esouweit dat fir den Zweck vun der Geforenofwier erfuerdert ass.

Verwaltung vun de Cookien

Dëst Portal ka Cookien, d.h. kleng Textfichiere fir d’Analys vun den Informatiounen iwwert d’Navigatioun vum Benotzer (Heefegkeet vun de Besich, Dauer vun de Besich, ofgeruffe Säiten, Sproochastellungen, asw.), benotzen. Si gi vun dësem Portal an en heifir virgesinnene Repertoire op dem Computer vum Benotzer ofgeluecht. Si enthalen den Numm vum Server, deen si geschaaft huet, en Identifiant a Form vun enger eendeiteger Nummer an en Oflafdatum. Den eendeitegen Identifiant erméiglecht dësem Portal, de Computer vum Benotzer bei all Besuch erëmzerkennen. De Benotzer ka selwer entscheeden, ob de Webserver vun dësem Portal autoriséiert ass oder net, Cookien op sengem Computer ze späicheren. Hien huet jidderzäit d’Wiel, d’Astellunge vu sengem Browser esou festzeleeën, dass Cookien net acceptéiert oder gespäichert ginn. Ausserdeem kann hien déi scho gespäichert Cookien a sengem Browser jidderzäit läschen. D’Benotzung vu bestëmmte Funktioune vun dësem Portal ka limitéiert oder desaktivéiert sinn, wann de Benotzer d’Cookien ofleent. Dem Benotzer gëtt also recommandéiert, säi Browser esou anzestellen, dass d’Cookië vun dësem Portal acceptéiert ginn.

Sécherheetsmoossnamen

Fir Är bei eis virgehale persounenspezifesch Donnéeë virun onberechtegtem Zougrëff a Mëssbrauch ze schützen, hu mir ëmfangräich technesch a betriblech Secherheetsvirkéierunge getraff. Eis Secherheetsprocéduren zum Schutz viru Beschiedegungen, Zerstéierung oder dem onberechtegten Zougrëff gi regelméisseg iwwerpréift an dem technologesche Fortschrëtt ugepasst.

Renseignement a Widderruff

Dir kritt zu zu all Moment, ouni e Grond mussen unzeginn an ouni Käschte, Renseignementer iwwert Är bei eis gespäichert Donnéeën. Dir kennt zu all Moment Är bei eis gesammelt Donnéeë spären, rektifizéieren oder läsche loossen an der Kollekt an dem Späichere vun Ären Donnéeë widderspriechen. Dir kennt och zu all Moment an ouni e Grond unzeginn, di eis erdeelt Awëllegung fir d’Kollekt an de Gebrauch vun Ären Donnéeë widderruffen.

Wend Iech dofir wann ech gelift un di folgend Kontaktadress info@sdk.lu. Mir stinn Iech ëmmer gär fir weider Froen zu eisem Hiwäis zum Dateschutz an zum Verschaffe vun Äre perséinlechen Donnéeën zur Verfügung.

D’Läschen

No dem Enn vun der Zesummenaarbecht ginn är Donnéeë geläscht, esouwäit der net dem Gebrauch vun den Donnéeën doriwwer eraus ausdrécklech zougestëmmt hutt

Froen an Erreechbarkeet

Soll dier nach anerwäerteg Froen oder Ureegungen zum Dateschutz hunn, dann notzt wann ech gelift eis Kontaktinformatiounen aus dem Impressum (mentions légales).

©2021 SuperDrecksKëscht® – Zone Industrielle Piret – L-7737 Colmar-Berg