– e sécheren a kompetenten Transport
Bei der SDK gi Spezialcamionen agesat, déi d’Ofwécklung vun de Wäert-a Problemproduiten an de Betriber, wéi och op de mobilen Sammlung an permanente Sammelplaze vun der SuperDrecksKëscht® fir Bierger iwwerhuelen.
Déi Camionen a Container si mat allen noutwendege Sécherheetsdispositiven aus dem internationalen Transportrecht ageriicht, déi en Transport ouni Gefor, souguer vu geféierleche Matièren, garantéieren.
Besonnesch bei spezielle Moossnamen (regelméisseg Entsuergunge vu Wäert- oder Problemproduiten a klenge Quantitéiten, d’Entsuergen vu Spezialproduiten, wéi Propan/Butangasfläschen oder Chemikalien), kann d’SuperDrecksKëscht® fir Betriber och d’Ofwëcklung iwwerhuelen.