Aktivitéiten an der Primärschoul

Eisen héije Ressourcëverbrauch bréngt vill Problematike mat sech, déi d’Natur an d’Klima staark beaflossen. Mir kënne wäitreechend Follgen awer nach vermeiden, wa mir eis gemeinsam dofir asetzen, méi nohalteg ze liewen.

D’Sensibiliséierung an de Schoulen ass dowéint e wichtegt Instrument, fir datt d’SchülerInnen scho fréi en nohaltegt Handelen am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft als normal empfannen.
 
D’SDK Akademie bitt dohier eng Aktivitéit pro Cycle un, an deenen d’Theeme Ressourcëschounung, Offalltrennung, Recycling an Offallvermeidung behandelt ginn. D’Aktivitéite sinn de verschiddenen Altersgruppen an de Léierprozesser vun de SchülerInnen ugepasst.